Zesummen an d’Zukunft: Trainerteam verlängert
9th April 2026
Minerva Lintgen
🚨🚨🚨 COMMUNIQUÉ 🚨🚨🚨
💙🤍 GUDD NORIICHTEN 💙🤍
Och wann dess Saison nach net ofgeschloss ass, hu mir schonn elo d’Weiche fir d’Zukunft gestallt:
No konstruktive Gespréicher steet fest, datt mir och an der kommender Saison mat eisem Trainer Olivier Lickes an sengem ganze Trainerteam Patrick Kettmann, Claude Schmit, Christian Theis weiderfueren.
No zwou erfollegräiche Saison'en geet eis Rees domat an déi drëtt.
Zesummen wëlle mir un dei lescht Erfolleger uknäppen an esou weider maachen wei an der Vergangenheet. 💪💪
Den FC Minerva Lëntgen freet sech op eng weider Zesummenaarbecht an op eng erfollegräich Zukunft. 🫶💙🤍⚽
#TeamSpirit #ZesummenStaark #nextseason
Fotograféiert vum M.p.

