MERCATO - Transfert N° 14 - Filipe MARTINS


30 May 2020

Den Filipe kënnt zréck bei Minerva
Den Filipe huet en Deel vun senger Jugend zu Lëntgen verbruecht, ass dun op Hesper gangen.
Hien duerno 1 Joer op der Etzella gespillt fir dann 2 Joer zu Diekirch ze spillen, wou hien an zwou Saison'en iwer 50 Goaler geschoss huet. Dat lescht Joer war hien zu Steesel aktiv. Hien kennt also elo an sein Heemechtsveräin zreck an mir begréissen hien och häerzlech an hoffen hien ass grat esou treffsëcher ewéi zu Dikrech.