1. Transfert - Saison 21/22

Bobby Mendes op Lëntgen Photo par René Theis



28 April 2021

De Bobby Mendes kennt vu Baastenduerf bei ons. Hien huet en definitiven Transfert ënnerschriwwen. No enger schéiner sportlecher Karriär iwwer Miersch, Beggen, Greivemacher, Miersch, Biissen, Baastenduerf huet hien nach eng kéier no enger neier sportlecher Erausfuerderung gesicht an dat bei ons. Mir wënschen him nach e puer flotter Joren zu Lëntgen.