Onglécklech Néierlag géint Izeg an der coupe de Letzebuerg. 0-1 an der Paus, wat schonn op Grond vun de Geleeënheeten onverdéngt war. Zweet Hallschent iwwerleeën an och genuch Chancen fir de Mätsch fir ons ze entscheeden. Nom 1-1 vum Filipe haten mir Pech bei engem wonnerschéinen Wäitschoss deen vun der Lat op Linn sprengt an dat kuerz virun Schluss. Insgesamt 7-8 Chancen awer an der Nospillzäit duerch e Konter wou mer schlecht stoungen kal erwëscht gin an 1-2 verluer. Trotzdeem eng gutt Leeschtung vun der Ekipp, déi ni opginn huet, just am Chancëverwäerten mussen mer nach schaffen. Domadder ass Coupe de Luxembourg fir des Saison gelaf.
Geschter 3ten Spilldag zu Lëntgen géint Mäerzeg. Virun erëm iwwer 200 Zuschauer a Bommen Wieder hu mer dann glécklech awer net onverdéngt 1-0 géint onsen Angschtgéigner Mäerzeg 1-0 duerch e Goal vum Liedson gewonnen. Dat mer vill Chancen hatten brauch ech wuel net ze erwänen, awer och Mäerzeg hat déi eng oder aner fir ze markéieren. Mir hu wierklech Problemer fir ze konkrétiséieren, awer wat positiv ass d’Ekipp hält zesummen a gëtt a kengen Moment op. Domadder hu mer elo mat nëmmen 3 geschossen Goaler 7 Punkten geholl.
Elo kommen zwee Auswäertsmatcher zu Housen a Kielen.
Allez Minerva !
Am laf vum Samschdeg kruten mer eng Neiegkeet, déi ganz Famill vum FC Minerva zu déifst getraff huet.
De Jupp 45 Joer am Veräin, deen all Méigleches fir de Veräin gemaach huet. Spiller, duerno Vestiairen ënnerhalen, Uniformen wäschen an déi lescht 10 Joer an der neier Buvette gehollef huet um Comptoir. Hien hätt elo den 16 November seng 75 kritt.
Hien huet ons verlooss, an Stëmmung gëschter an der Buvette trotz dem 7-0 war net déi ewéi sos, mir wäerten nach laang un hien denken.
Zum Mätsch.
Mir hunn endlech de Chancen verwäert déi mer ons eraus gespillt hunn. Dobäi sinn 5 Goaler vun Inneverteideger geschoss gin. Den Alex 4 an den Nicolas 1. Dann hunn nach den Rafa an Tiago getraff. Hoffen dat dat hinnen Selbstvertrauen gett. Eng gutt Reaktioun op den verluerenen Mätsch e Mëttwoch. Ons Bilanz an den Heemmatcher an 3 Mätscher, 9 Punkten an 9-0 Goaler.
E Sonndeg geet et wieder zu Baastenduerf, wat och net einfach gëtt.
Baastenduerf-Lëntgen 1 – 2
En ausgeglachenen Mätsch deen mir besser ugefaangen hunn awer ab der 20 Minutt hu mer net méi esou gutt gespillt. Zweet Hallschent war nach méi ausgeglach, sinn awer trotzdeem mat 1-0 a Féierung gaangen duerch de Filipe op Viraarbecht vum Liedson. Dat war awer vu kuerzer Dauer well 2 Minutten drop kréien mer den Ausgläich. Kuerz duerno machen Spiller vu Baastenduerf e kapitalen Feeler an der Verteidigung, dorausser konnten mir profitéieren an de Liedson mécht den 2-1 fir ons. Et sollt dobäi bleiwen, glécklech awer et sinn 3 Punkten. Weider geet et doheem géint Béiwen, wou ganz vill fréier Spiller vu Lëntgen spillen.
Patrick Robert pour InfoMercato Luxx.
Victoire absolument méritée même au niveau du score, on a su créer beaucoup d’occasions de buts dès le début du match. Même après le but de Boevange, on est resté calme et on continue à jouer notre jeu ! Félicitations au groupe pour ces trois derniers résultats.
Buteurs: Liedson 2x, Tiago 2x, Alves Tiago, Filipe Martins, Rick.
Léiw Memberen aktiv oder inaktiv, d’Joer 2020 geet elo geschwënn op en Enn
Mir hoffen dat mer am neien Joer méi positiv an Zukunft kennen kucken.
Mir soen all onsen Traineren „MERCI“ fir déi Aarbecht déi se sech an der schwéierer Zäit bis elo gemaach hunn.
E grousse „MERCI“ geet och un ons Sponsoren, dat si an der fir si och net einfacher Zäit awer zum Veräin gestanenen hunn, an hoffen dat si all gutt duerch des Pandemie kommen.
Onsen villen Supporter déi mir elo am Ufank vum Championnat haten och alles guddes a mir hoffen dat mir si all a gudder Gesondheet erëm gesinn.
Och der FLF soen mir MERCI well fir si ass et och net einfach ze schaffen.
Déi leschten Wënsch gin dann och un all déi aner Veräiner, well mir setzen all am selwechten Boot.
Mir soen iech elo scho all wonnerschéin Feierdeeg, e gudde Rutsch an dat néit Joer an dat wichtegst bleift all „GESOND“.
No enger Versammlung mat onsen Traineren am Seniorsbereich ass festgeluegt gin
dat all ons Traineren déi nächst Saison weider machen.
Patrick Robert – Trainer
Daniel Goncalves – Co-trainer
Christian Theis – Goalkeepertrainer
Joel Courte – Reserve Ekipp
Mir hoffen op enger besser Saison 21/22 ewéi 19/20 an 20/21 wou dann insgesamt an 2 Joer 15 Championnatsmätscher gespillt gi sin.
Diekirchs Schreckensserie gegen Lintgen geht weiter: seit Mai 2014 konnten die Young Boys kein Spiel mehr gegen den FC Minerva gewinnen. Am Sonntag war man auf teils regelwidrigen Platzverhältnissen zwar zumindest nah an einem Punktgewinn, am Ende sollte es dennoch dazu nicht reichen. Verlief die erste Halbzeit noch torlos, so brachte ein Lintgener Eigentor die Gäste nach exakt einer Stunde in Führung (0-1, 60.‘). Die Hausherren konnten ihr Missgeschick aber schnell ausbügeln und Costa glich nach Vorarbeit von Oliveira schnell aus (1-1, 68.‘). Als man dann schon mit einem Remis rechnen konnte, legte der Torschütze zum Ausgleich für Martins auf, der in der 3.Minute der Nachspielzeit Lintgens Siegtreffer erzielen konnte (2-1, 90.‘+3). Der FC Minerva überholt Diekirch mit diesem Erfolg in der Tabelle und bleibt in Lauerstellung hinter der Spitzengruppe.
Quelle: Fupa
MERCI Patrick
De Comité vum F.C. Minerva Lëntgen bedauert zudéifst, datt hiren Trainer vun de "Seniors 1", de Patrick Robert, e Sonndeg den 18.9. nom Match géint Colmer-Bierg demissionéiert huet. Mir respektéieren des Decisioun a soen dem Patrick villmools MERCI fir seng grouss Verdéngschter an deene leschte Joren. Mir hoffen, datt hien an enger anerer Funktioun dem Veräin erhale bleift.
Mat sportleche Gréiss
De Comité vum F.C. Minerva Lëntgen
Den F.C. Minerva Lëntgen deelt mat dat ab nächster Woch de PAULO MOURA deen de leschten Sonndeg zeréck getruedenen Trainer PATRICK ROBERT ersetzt bei den Senior 1
Den Goncalves Daniel bléift Co-Trainer an den Christian Theis Golkippstrainer.
De Comité wënscht deenen 3 Traineren vill Erfolleg fir Saison 22/23 déi net einfach ass am Moment.