Senior 1


10 April 2024

Mat groussem Bedaueren deelt den F.C. Minerva Lëntgen mat, datt de Veräin sech vu sengen Trainere getrennt huet. 
 
Leider hunn d'Resultater um Terrain net déi gutt Aarbecht rëmgespigelt, déi intern geleescht gouf. 
Déi direkt Ziler si soumat a Gefor geroden.
Mir wënschen dem Petz a sengem Bouf Tom vill Erfolleg a Satisfaktioun op hirem weidere Wee. 
 
Kuerzfristeg wäert de Veräin eng intern Léisung siche fir den Interim ze garantéieren, soubal eng längerfristeg Léisung fonnt ginn ass, wäerte mir iech natierlech um Lafenden halen.
 
Mat sportleche Gréiss
 
De Comité vum F.C. Minerva