Feb 12
9
Verpasst och dëst Joer net de “Folie sur Folie” am Veräinshaus zu Lëntgen. D’DJ’en Kinch a Fritz wäerte wéi ëmmer fir déi beschte Stëmmung suergen! Kommt a feiert déi geckeg Zäit mam FC Minerva Lëntgen!
Jan 12
15
Kräizt iech scho mol de 4. Februar am Kalenner roud un: Wéi all Joër organiséieren d’Spiller vum FC Minerva hiren traditionelle Bal am Veräinshaus.
Jan 12
5
Den 10. Januar geet d’Préparatioun vun der éischter Equipe fir d’Réckronn un. Déi nei Trainingspläng fannt der wéi gewinnt ënnert der Rubrik “Saison 2011-2012″ oder eben iwwert dës Links:
Préparation saison 2011 – 2012_Seniors 1
Entraînements Seniors 2 , Janvier- Mars 2012
Entraînements Seniors 2 ,Avril- Juin 2012
Dec 11
29
Dec 11
6
Wéi all Joer ass de Kleeschen erëm bei d’Jugendspiller vum F.C. Minerva op Lëntgen komm, an zwar den 5. Dezember 2011. (dest Joer waren si och an den „Café op der Gare“).
Mat sengem däischtere Gesell, dem Houseker, war hien an onsen Chalet komm, wou hien deenen eenzelnen Ekippen hir Tiitchen ausgedeelt huet, awer eréischt nodeems hien den Spiller erklärt hat, weiderhin ëmmer hirem Trainer ze follegen, doheem an och an der Schoul, ëmmer fläisseg ze schaffen an opzepassen, an um Terrain seng Matspiller de Géigner an den Arbiter ze respektéieren.
De Kleeschen huet versprach, datt hien an den Houseker och dat nächst Joer erëm op Lëntgen bei d’Kanner wäert kommen an hofft, datt si sech bis dohin weider gutt schécken an hien keng Kloe vun den Traineren kritt.