Harel – Lëntgen 2 – 3

Leschten Auswäertsmatch fir des Saison, an deen och verdéngt gewonnen. Déi éischt 20 Minutten waren mir déi absolut besser Ekipp, hunn awer dunn duerch onkonzentréiertheeten zwee Goaler kritt, an sinn dunn och déi éischt Halschent net méi an de Mätsch komm. Zweet Halschent war awer dunn komplett fir ons, an sinn duerch en 11 Meter vum Daniel, an 2 Goler vum Manu an Féierung gaangen, haten dunn nach Chancen fir de Mätsch definitiv doud ze maachen, ewéi ëmmer hu mer déi net eran geschoss, Harel hat awer net méi vill Geleeënheeten esou dat den 3 – 2 fir ons absolut verdéngt wor. Den leschten Mätsch ass en Heemmatch géint Baastenduerf (rt).

Posted in Uncategorized by Ren. No Comments

Päischttournoi 2013

Resultater vun onsem Päischttournoi 2013

Resultats du tournoi de Pentecote 2013_Scolaires

Resultats du tournoi de Pentecote 2013 – Pupilles

Resultats du tournoi de Pentecote 2013_Minimes

Resultats du tournoi de Pentecote 2013_Bambinis

Resultats du tournoi de Pentecote 2013 – Poussins

Ze bemierken: Wieder naja et wor schon besser, Respekt fir all Spiller an Trainer déi bis zur leschter Minut gespillt an gekämpft hun. Merci un all Vereiner déi ugetrueden sinn.  Negatif ass emmer wann e Veraïn net kennt an sech och net ofmeld, dat huet sech awer an Grenzen gehalen. (schued fir d’Géigner well déi hun dann e puer  Mätscher manner).

Posted in Uncategorized by Ren. No Comments

Lëntgen-Luerenzweiler 2-0

Déi éischt Neierlaag an der Réckronn fir onsen Noper Luerenzweiler, an dat no engem Match deen och hätt kennen méi héich ausfalen. De Moment kämpft all Ekipp mat dem strammen Programm, well dësen Wanter vill Mätscher ausgefall waren. Mir hunn déi Ausfäll an gespaarten Spiller besser kompenséiert ewéi Luerenzweiler an dofir hu mir de Match och verdéngt gewonnen, den dobäi och nach hätten kennen méi héich ausfalen. Den 1 – 0 huet den Kohl Claude geschoss an den zweeten war en Selbstgol vun onsem Géigner. De Mëttwoch mussen mir schonn um hallwer siwen zu Harel untrieden an dat mat der Ekipp déi d’Méiglechkeet huet ëm déi Auerzäit och do ze sinn, gutt dat fir ons näischt méi um Spill steet. Den leschten Championnatsmatch ass e Sonndeg géint Baastenduerf fir déi et vläicht nach méiglech ass fir den Barrage ze erreechen. (rt)

Posted in Uncategorized by Ren. No Comments

Millebaach – Lëntgen 3 – 0

Eng éischt Halschent an der Millebaach wou mir net mat gespillt hunn, an duerch individuell Feeler, an Zäit vun 12 Minutten 3 – 0 hannen woren. Déi zweet Halschent hunn mir vill besser gespillt hunn 2 x op d’Lat geschoss, an och eng oder déi aner 100 % ewéi ëmmer ausgelooss. Ze bemierken dat mir gefillten 100 Fräistéiss fir ons gepaff kruten, an mir bei der éischter Aktioun direkt giel kréien. Den Arbiter huet awer dunn lues a lues gemierkt wéi d’Millebaach mat iwerhaardem Spill bei 3 – 0 gewonnen ëmmer nach nach Feeler op ons Spiller gemaach huet, an dunn och mat enger rouder Kaart bestrooft gi sinn, awer dat vill ze spéit menger Meenung no. (rt)

Posted in Uncategorized by Ren. No Comments

Lëntgen – Berdorf / Consdorf 3 – 1

E Match mat zwou verschidden Halschenten. Déi éischt Halschent waren mir kloer déi besser Ekipp, mat den besseren Chancen, awer mir brauchen der einfach ze vill des Saison. Den 1 – 0 fält no enger schéiner Aktioun iwwer lenks, wou den Manuel flaach iwwer den Boudem op 6 Meter virun den Goal, an den Manu onhaltbar eran schéisst. Déi zweet Halschent huet onsen Géigner méi Drock op ons Verteidigung gemaach, hunn sech och e puer Chancen eraus gespillt, awer entweder huet de Mich gehalen oder si hunn hir Chancen och net eran gemaach. Mir hun nach just op Konter gewaart an esou een ass ons dann och gelongen an den Dany schéisst den 2 – 0. Berdorf/Consdorf huet du den Drock nach erhéicht awer mir konnten an der Nospillzäit den 3 – 1 markéieren duerch den Bonny an domadder war de Mätsch entscheed.

E Sonndeg geet et weider géint Millebaach ech brauch wuel keen drun ze erënneren wéi mer den éischten Match gespillt haten, also mir wëllen 3 Punkten e Sonndeg an de Moment brauchen mir och keen ze fäerten. (rt)

Posted in Uncategorized by Ren. No Comments