May 12
19
Vum 27. bis den 28. Mee fënnt eisen traditionelle Päischttournoi statt. Och dëst Joer hunn sech rëm vill Ekippen ugemellt. De komplette Programm an d’Reglementer fannt dir hei ënnendrënner!
May 12
14
2 – 1, mat 3 Punkten fir déi laang Rees an den Norden belount ginn, mais et war en Herzschlagfinale wéi am Titelrennen an England, well eis Minerva réischt an de leschte Minutten erléist ginn ass…
Mir hunn Harel direkt vun Ufank un kontrolléiert an si hu just selten de Wee an ons Halschent fonnt…wann et da mol laanschtgaangen ass, war de Fändel vum Abseits séier uewen. An der 13. Minutt gëtt den Tarek zimlëch plomp am Strofraum geluecht. Déi Onparteiësch huet awer, zum Onverständnis vun deene matgereeste Lëntgener Supporteren, eng “Schwalbe” interpretéiert an den Tarek mat giel belount. Eng ganz zweifelhaft Arbitteschleeschtung, déi sech wéi e roude Fuedem duerch dat Spill gezunn huet: onnéideg Feler si gepaff ginn wou een hätt kënne Virdeel lafe loossen, en offensichtlëchen Händs ass zwee mol ignoréiert ginn an de Pier ass (zum Nodeel vun deenen Hareler dës Kéier) ongestroft an deene läschte Minutten dovu komm, wourops den 1 – 2 fir Lëntgen gefall ass.
May 12
9
Eng 2 – 0 Victoire um Mëttwoch Owend géint Felen. Obschonn et an der Woch war an de Weekendfeeling gefeelt huet, haten trotzdem déi üblech Verdächteg de Wee op den Terrain fonnt. Awer lo mol zum Match!
Eischt bemierkenswäert Aktioun war an der 14. Minutt dem Pier säi Fräistouss, deen awer leider mat voller Wucht an déi Felener Mauer gaangen ass. Kuerz drop sollte mer eis awer eng weider Chance erspillen wéi den Tarek iwwert d’Säit duerchgaangen ass an dem Dany de Ball an de Fouss gespillt huet: nëmmen déi gutt Reaktioun vum Felener Goalkeeper konnt eise Féirungstreffer verhënneren. Mir hunn den Drock erhéicht, et huet awer wéi sou oft am Ofschloss net geklappt. An der 23. Minutt sollten déi Felener du hir éischt Chance erausspillen, de Poteau huet eis zum Gléck direkt zwee mol hannerteneen gehollef an esou sollt d’Null stoë bleiwen.
May 12
7
         Final vun der Coupe des Dames 2012
                           SC Ell – FC Progrès Niedercorn
Â
Samsdes den 12. Mee 2012 am Stade « Jean Donnersbach », Lintgen um 17.00 Auer
Den Entrée kascht 5.- € All Jonken ënnert 16 Joer kënnt gratis eran (carte d’identité weisen).
May 12
7
3 – 1 verléiere mir zu Bissen am Spëtzematch em déi zweet Plaz. No deem ville Reen an deene läschten Deeg huet den Terrain och éischter engem Sumpfgebidd geglach. Den Här Pinto, nodeems en dann endlech déi richteg Tenue fonnt hat, huet de Match mat 20 Minutte Retard ugepaff.
Déi éischt 10 Minutten war d’Partie zimlech ausgeglach, an et huet net sou ausgesinn, wéi wa Bissen eis geféierlech kéint ginn. No engem heftegen Zesummestouss am Bissener Stroofraum hu mir scho fréi missen op de Kohls Claude verzichten, dee mat engem Gackelchen am Gesiicht an d’Urgence gefuer ass. Aus dem Näischt huet Bissen den 1 – 0 geschoss, op e Stellungsfeler an eiser Verteidegung. Mat deem Resultat si mir an d’Halbzeit gaangen an hunn op den Ausgläich gedréckt. An da kënnt et ganz batter fir ons Minerva; innerhalb vu kuerzer Zäit gëtt et rëm 2 mol Onstëmmegkeeten an der Défense an et steet 3 – 0. Ee Bissener Spiller geet ëmmer laanscht 2 – 3 Verteideger; beim Versuch en ze stoppen entstinn esou Lächer an onser Défense.