News
Programme Saison 2010-2011 / Seniors - Dames - Cadets - Poussins/Pupilles
- Programme_Seniors 1 - Septembre 2010 pdf - 16 Ko
- Entr. Dames 08-09.2010 pdf - 31 Ko
- Programme Entr. Cadets ME/LI/LO pdf - 68 Ko
- Programme - Préparation Pupilles pdf - 43 Ko
- Entr. Seniors 2_août & septembre 2010 pdf - 210 Ko
3 - 1 (0 - 0) no 90 Minutten. Op Grond vun der 2ter Halschent en komplett verdéngten éischten Sieg an der néier Saison. Eng éischt Halschent dei zwar vun der Stengeforter Equipe optesch dominéiert gouf, ouni awer vill Chancen eraus ze spillen, hannen hu mir emol déi individuell Feeler ofgestallt. Dei zweet Halschent hunn mir ons Equipe net erëm erkannt, si waren iwwerleeën, dat eenzegt wat net gutt war, mir hunn ons vill grouss Chancen net eran kritt, an normalerweis gëtt een jo dann dofir bestrooft. Dat war awer Gott sei Dank net esou an dësem Mätsch, 75 Minutt 1-0 op Fräistouss vum Patrick, den 2-0 5 Minutten duerno vum Kohl's Claude mat engem schéinen Direktschoss, dunn hu mir si awer erëm Spill zréck bruecht mat engem onnéidegen individuellen Feeler, awer mir hunn direkt drop reagéiert an mat engem herrlechen Fräistouss vun 20m huet den Peij den 3-1 markéiert. (Dat ganzt huet sech op engem herrlechen Terrain zu Lorentzweiler ofgespillt, et kann een nëmmen hoffen dat ons Gemengepäpp sech dat dat emol eng kéier ukucken ginn an sech eng emol Gedanken iwwer onsen Terrain maachen. Mir als Komitee sinn e bëssen enttäuscht das den ganzen Bau vun der Sporthaal ouni weider Informatiounen un deen Veräin den et betrëfft ofleeft). Onser Equipe muss ech soen weider esou, dann missten et an der ganz schwéierer Saison 2010/2011 fir den ganzen Veräin (finanziell an sportlech gesinn) well mir hunn nëmmen Auswärtmätcher et packen fir dran ze bleiwen. - (rt)
PS. e grousse MERCI un den Lorentzweiler Veräin.
ewéi all Saison geet och dës mat enger Néierlag lass, an dat ass just eng logesch Suite vun der katastrofaler Virereedung, esou schlëmm wei dëst Joer war et nach ni, 6 Spiller aus dem Kader vun 24 op engem Frëndschaftsmatch seet alles, awer elo zum Mätsch. Mir haten minimum esou vill Chancen fir op mannst en Remis, awer onst Defensivverhalen war onméiglech fir net esou guer ze soen mir haten guer keent. Feeler gemaach wei wann mer geschter onsen eischten Mätsch gehat hätten, dat war deelweis net nozekucken, de Géigner war net esou wei dat Resultat et ausseet awer si hunn nëmmen op ons Feeler missen waarden an der hu mer en Masse gemach. Also et kann nemmen besser goen, an ech hoffen dat elo jiddereen verstan huet em wat et geet, well esou kennen mer net weiderfueren, also dës Woch emol all um Training an keng faul Ausrieden méi w.e.g. - rt.
- Tageblatt 23.08.2010 pdf - 187 Ko
- Quotidien 23.08.2010 pdf - 161 Ko
1 - 0 !!!!! gewonnen an mir bleiwen an der Promotioun. Et war en haart Stéck Aarbecht, awer mir hunn et gepackt. Zwou Chancen op all Säit, an engem zimlech ausgeglachenen Mätsch, den fir onsen Nerven net einfach ze erdroen war. De entscheedenden Goal ass an der 75 Minutt gefall op Fräistouss hin vum Gianni an den Kohl's Claude stoung goldrichteg fir mam Kap eran ze setzen. D'Stëmmung virun ongeféier 800 Leit war genial, an et kann en nëmmen onsen Supporter e riesen groussen Luef ausschwätzen fir déi Ambiance déi si während 90 Minutten an méi verbreet hunn. Dono huet de Bam natierlech gebrannt zu Lëntgen, an haut mussen mir ons Läichen emol erëm all zesummen sichen goen. Also op eng nei Saison an der Promotioun, mir freeën ons drop, an ech hoffen dat déi nei Spiller déi elo bei ons kommen dat selwecht soen ewéi déi mëscht vun onsen Spiller. EMOL LËNTGEN - ËMMER LËNTGEN. Mir soen och dem Trainer villmools Merci, well et war och fir hien eng ganz sauer Saison, awer et ass jo gutt ausgaang. MERCI JUNGS - (rt)
2 - 0 (1-0) hunn ons Damen zu Beggen géint Jonglënster an der Final vun der Coupe de Luxembourg verluer. Si brauchen sech awer absolut net ze schummen fir dësen Bommenmätch den si gespillt hunn, et war phaseweis en total ausgeglachenen Mätsch, just mir hunn een Problem an den heescht Goalchancen verwerten, an dësen Problem gesinn mer schon déi ganz Saison iwwer. Et muss een och onsen Supporter e grousse Merci soen fir déi formidabel Ambiance déi si gehollef maachen zu Beggen um Terrain, well et huet een gemengt mir hätten d'Coupe gewonnen, an ech hoffen dat se och elo op den Barragemätch vun eiser éischter Equipe kommen fir déi selwecht Ambiance ze verbreeden. Also dir Damen weider esou, dann klappt et och vläicht eng kéier mat der éischter Coupe - (rt)
Obschons vill Unhänger vum FC Minerva vertrueden waren, 3 - 0 verluer zu Wuermer, eng absolut enttäuschend Leschtung an dofir ass et och nemmen normal dat mir den Barragenmätsch spillen mussen fir an der Promotiuon ze bleiwen. Also d'Ekipp vum FC Minerva nach 1 Mätsch voll ennerstëtzen, an dat entweder den 5 oder 6 Juni, wou an geint wie wessen mer nach net. Dir gitt dan esou schnell ewéi meiglech op onsem Site gewuer. - rt
DIMANCHE & LUNDI 23 & 24.05.2010
- Programme - Bambinis pdf - 91 Ko
- Programme - Minimes pdf - 90 Ko
- Programme - Pupilles pdf - 163 Ko
- Programme - Poussins pdf - 91 Ko
- Programme - Scolaires pdf - 164 Ko
- Programme - Cadets pdf - 91 Ko
LINTGEN - BEGGEN 1 - 1 (0 - 0) Virun enger scheiner Kuliss hun mer et net ferdeg bruecht desen wichtegen Mätsch ze gewannen an elo muss sech alles zu Wuermer e Freideg entscheden. An der eischter Halschent haten mir dei mei kloer Chancen, mir hun se awer net eran geschoss inklusiv en 11m den de Chrismousse gehalen huet. Dei eischt 20 Minuten an der 2 Halschent huet Beggen mei Drock entweckelt si konnten awer och aus deser Iwerleenheet keen eran scheissen. Dun huet ons Equip erem de Mätsch an d'Hand geholl, an eng Mass vun Eckbäll eraus gespillt, awer mir sin emmer erem um Chrismousse gescheitert, an esou koum et wei et kommen muss, en Ofwierfehler an onser Verteidigung an Beggen ass 0 - 1 vir. Wat een onser Equip muss gutt halen si huet nie opgin an gerechter Weis an der Nospillzaït nach den 1 - 1 gemach duerch den Flöp. Also alles op Wuermer e Freideg fir ons Equip ze ennerstëtzen. Nach een Wuert zum Arbiter, also ech hät mer gewënscht mir hätten den Här Mangen e Sonndeg zu Woltz gehaat, dan wir e ganz annert Resultat eraus komm. Och nach e Wuert zu der Fäirness an desem Mätsch den jo fir dei 2 Equipen extrem wichteg war, et geet och esou an mir hun zesummen nom Mätsch een bei der Buvette gedronk, an mir hun ons net ugepöbelt wéi den leschten Sonndeg. -rt
PS. - ech hun gesinn ons Kollegen (Ibrahimovic an Co) sin vum Terrain gesaat gin zu Canech, all Respekt vir den Arbiter vun desem Mätsch, den dat gemach huet wat den den Här Gomes den leschten Sonndeg hät missen machen, awer alles iwersinn an iwerhéiert huet.
NEW !! - Also ech hun elo heieren dat dei 2 (Hären) sech dei zwou giel/roud Kaarten gesicht hun fir d'nächst Joer net gespaart ze sin, also ass den Arbiter awer drop eran gefall, awer ech sin zouversichtlech dat se nächst Joer eng keier op den richtegen treffen, well rotzen get 7 Sonndeger - rt
