Jan 12
15
Kräizt iech scho mol de 4. Februar am Kalenner roud un: Wéi all Joër organiséieren d’Spiller vum FC Minerva hiren traditionelle Bal am Veräinshaus.
Jan 12
5
Den 10. Januar geet d’Préparatioun vun der éischter Equipe fir d’Réckronn un. Déi nei Trainingspläng fannt der wéi gewinnt ënnert der Rubrik “Saison 2011-2012″ oder eben iwwert dës Links:
Préparation saison 2011 – 2012_Seniors 1
Entraînements Seniors 2 , Janvier- Mars 2012
Entraînements Seniors 2 ,Avril- Juin 2012
Dec 11
29
Dec 11
6
Wéi all Joer ass de Kleeschen erëm bei d’Jugendspiller vum F.C. Minerva op Lëntgen komm, an zwar den 5. Dezember 2011. (dest Joer waren si och an den „Café op der Gare“).
Mat sengem däischtere Gesell, dem Houseker, war hien an onsen Chalet komm, wou hien deenen eenzelnen Ekippen hir Tiitchen ausgedeelt huet, awer eréischt nodeems hien den Spiller erklärt hat, weiderhin ëmmer hirem Trainer ze follegen, doheem an och an der Schoul, ëmmer fläisseg ze schaffen an opzepassen, an um Terrain seng Matspiller de Géigner an den Arbiter ze respektéieren.
De Kleeschen huet versprach, datt hien an den Houseker och dat nächst Joer erëm op Lëntgen bei d’Kanner wäert kommen an hofft, datt si sech bis dohin weider gutt schécken an hien keng Kloe vun den Traineren kritt.
Dec 11
6
3-2 geint Harel gewonnen. Mir bleiwen ongeschloen am Championnat op onsem Terrain. Wann dat an der Reckronn esou bleiwe géif, misste mir weider mat ënner denen Eischten kënne spillen. Zum Mätch: 0-1 hannen, e schéine Goal vun Harel Tarchamps, 1-1 duerch den Daniel an den 2-1 nach virun der Paus duerch den Flöp, deen kee schéinen Owend hat, well wann et een getraff huet, dann hien. De Flöp ass zimlech ramponéiert no 90 Minutten an d’Spidol gefuer. Déi zweet Halschent ass emmer méi am Niwwel gespillt ginn. Mir hunn awer dunn e bësse besser gespillt ewéi déi éischt Halschent. Den 3-1 huet de Bonny geschoss an domat war de Mätch gelaf. Mir hunn awer dunn an der leschter Minutt onsen übleche Feler misse maachen fir dat den 3-2 nach sollt falen. Insgesamt eng durchwuesse Virronn, mat engem versöhnlëchen Ofschloss. Et muss een soen, dass an eiser Divisioun keng Equipe do ass, déi sech konnt an der éischter Ronn duerchsetzen, esou dat nach zimlech vill Equipen d’Meiglechkeet hunn fir mat virbäi ze spillen. Elo wënschen mir all onse Mëmberen, Frënn a Symphatisanten vum FC Minerva schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch.