Lëntgen-Luerentzweiler

2 – 0 Victoire fir eis Minerva an dësem läschte Match vun der Saison. Wéi och schonn am läschten Derby, hate mir super Wieder.

No 5 Minutten Agewinnungsphase, wou verschiddener d’Ustrengunge vum Dag virdrun hu misse verschaffen, si mir lues awer sëcher an de Match komm an de Ball ass  ganz gutt an eise Reihen gelaf. Et ass op an of gaangen a schonn an der 12. Minutt huet et am Luerentzweiler Goal gerabbelt: den Dany war eise Buteur. Just 2 Minutte méi spéid hat de Bonny d’Chance op 2 – 0 ze erhéichen, mais et hätt net solle sinn.

An der 31. Minutt haten déi Luerentzweiler eng 1000%eg Chance: hire Stierme geet alleng Richtung Miagi, geet laanscht en an… bréngt et iergendwéi fäerdeg de Ball trotzdem net an de Filet ze kréien. Wéi een sou e Konschtstéck fäerdeg bréngt kann en sech wuel selwer net erklären! Op där anerer Säit versicht de Maniche et emol aus der Distanz.

Kuerz virun der Halschtent nach 2 grouss Chancen op en Ausgläich fir Luerentzweiler: an der 42. geet de Ball just laanscht de Poteau an an der 46. geet de Ball ganz knapps iwwert d’Lat. Mais och ons Jongen hunn nach emol eng Geleegenheet, den Andy lobt de Ball iwwert de Luerentzweiler Goalkeeper; leider kënnt e Luerentzweiler Spiller virun him un de Ball. Et sollt also beim 1 – 0 bleiwen.

No der Paus drécke mir op en 2 – 0 an dee fanne mir och an der 54. Minutt duerch de Flëpp. An der 60. kënnt de Mike fir de Maniche eran. Keng hallef Minutt drop schéisst de Bonny de Ball iwwert deen eidele Goal…an elo ass et bal just nach Lëntgen déi d’Spill maachen! An der 64. probéiert de Mike et aus der Distanz a schéisst aus der Dréiung op de Goal: leider geet de Ball just driwwer. Kuerz drop ass et um Bonny, deem säin cadréierte Schoss just nach mat enger Parade vum Goalkeeper gestoppt ka ginn.

No 71 Minutten gëtt den Andy fir de Schmolli ausgewiesselt, a mir drécke weider Richtung Luerentzweiler Goal. Och dem Schmolli säin Gewaltschoss kann de Goalkeeper just mat enger Parade stoppen. Mir hunn eis nach eng hallef Dozen Chance rausgespillt mais et sollt beim 2 – 0 bleiwen. Besonnësch déi zweet Halschent hu mir e vill méi attraktive Fussball gesinn, wéi mir dat an der Hironn hu misse materliewen, an dat léisst fir d’nächst Joer hoffen!

Merci de Spiller, Supporter, Sponsoren a besonnëg all deenen, déi dëse Veräin duerch hir bénévole Aarbëcht zu deem maachen wat en ass!

Comments are closed.