Bissen – Lëntgen

[slideshow id=5]

3 – 1 verléiere mir zu Bissen am Spëtzematch em déi zweet Plaz. No deem ville Reen an deene läschten Deeg huet den Terrain och éischter engem Sumpfgebidd geglach. Den Här Pinto, nodeems en dann endlech déi richteg Tenue fonnt hat, huet de Match mat 20 Minutte Retard ugepaff.

Déi éischt 10 Minutten war d’Partie zimlech ausgeglach, an et huet net sou ausgesinn, wéi wa Bissen eis geféierlech kéint ginn. No engem heftegen Zesummestouss am Bissener Stroofraum hu mir scho fréi missen op de Kohls Claude verzichten, dee mat engem Gackelchen am Gesiicht an d’Urgence gefuer ass. Aus dem Näischt huet Bissen den 1 – 0 geschoss, op e Stellungsfeler an eiser Verteidegung. Mat deem Resultat si mir an d’Halbzeit gaangen an hunn op den Ausgläich gedréckt. An da kënnt et ganz batter fir ons Minerva; innerhalb vu kuerzer Zäit gëtt et rëm 2 mol Onstëmmegkeeten an der Défense an et steet 3 – 0. Ee Bissener Spiller geet ëmmer laanscht 2 – 3 Verteideger; beim Versuch en ze stoppen entstinn esou Lächer an onser Défense.

Nodeems den Dany am Bissener Strofraum vun de Been gehuel gëtt, weist den Här Pinto op den Elefmeter-Punkt. Soll et nach emol spannend ginn a kréie mir d’Gelegenheet nach emol erunzekommen? Dem Maniche säin Elefmeter geet iwwert de Goal, a sou geheie mir weiderhin alles no vir. Schlussendlech trëfft den Dany mam Kapp zum 3 – 1. Lëntgen ass definitiv um Drécker, mais mir vermasselen eng hallef Dozen Chancen: sou zum Beispill de Bonny e puer mol mam Kapp. An deene läschte 5 Minutten hätt de Pier et nach emol spannend kënne maachen, mais een vu senge Matspiller stoung him am Wee, a sou ass de Ball net eragaangen. Net ze vergiessen sinn dem Miagi seng Paraden, déi an deene läschte Minutten Schlëmmeres verhënnert hunn, wéi déi Bissener gekontert hunn.

Alles an allem kënne mir mat deem Resultat net zefridde sinn, well mir eis ënner Wäert verkaf hunn. Et wier méiglëch gewiescht, dee Match ze dréien, mais dofir ware mir an eiser Chanceverwäertung net realistësch genuch. Lo heescht et un deenen éischte Plazen dru bleiwen an op en Ausrutscher vun deenen aneren hoffen.

GO MINERVA GO

Kommentar  op wort.lu:

Claude Ottelé (entraîneur de Lintgen): «Nous avons perdu les duels et dans une rencontre quand on perd les duels, on a de forte chance de perdre le match. Bien qu’avec les événements de fin de match (penalty et multiples occasions), nous avons manqué de changer le cours du match.» Bissen – Lintgen 3-1

[nggallery id=5]

Comments are closed.