Lëntgen – Habscht 1 – 2

2 – 1 verluer, an e Mätsch fir ze vergiessen. 5 Minutten onkonzentréiert an et steet 0 – 2 fir Habscht. Duerno huet ons Ekipp de Mätsch 85 Minutten dominéiert, an hätt dësen Mätsch géint op dësem Sonndeg schwaachen Géigner missen gewannen. No der Halschent hu mir dann endlech den 1 – 2 geschoss, awer nëmmen een um Terrain huet en Abseits gesinn woubäi op der Linn vun Habscht en Verdeedeger steet. Net ze gleewen, awer normal bei engem Trio déi vill Hektik an de Mätsch bruecht hun. D’Spiller vun Habscht déi sech op der Säit waarm gemaach soten selwer, am Liewen keen Abseits. De Moment ass Glëck och net op onser Säit.

Mir hunn trotzdeem wieder Drock op de Géigner gemaach an Chancen eraus gespillt awer ausser dem 1 – 2, deen de Sergio geschoss huet ass näischt méi passéiert.

(Nach eent bléift vun dësem Mätsch ze soen).

Den Här F… dënn op der FLF schafft, an Kommentaren op de Fupa setzt déi nëmmen hien witzeg fënnt, mir als Veräin awer guer net soll an Zukunft sech seng zum Deel domm Kommentaren spueren, well dat sinn mir als Veräin an eng eenzel Persoun déi hien namentlech genannt huet net néideg. (rt.)

Comments are closed.