Lëtzebuerger Owend

DEN FC MINERVA LËNTGEN A SENG JUGENDKOMMISSIOUN SEET “MERCI”

dem Claus & dem schéine Poli an ganz besonnesch der “Fada Family” fir dësen gelongenen Owend. Mir soen och deenen Léit déi op onsen Owend komm waren villmools MERCI. Mir als Comité sinn natierlech e bëssen enttäuscht dat net méi Léit sech dësen Spektakel ukucken komm waren, well déi Leit déi do waren déi waren begeeschtert. Mir soen awer och MERCI deenen Léit déi bei dësem Evenement geschafft hunn an der Kichen (Iessen zoubereeden, dem BATTY och villmools Merci), Service, Comptoir, Tombola verkafen asw. Och deenen Léit déi dësen Owend mat organiséiert hunn e Merci.

Et ass einfach Schued wann e Veräin deen esou Memberen huet, an d’Leit sech einfach net méi begeeschteren loossen fir op esou en Owend ze kommen, well mir maachen dat jo fir den ganze Veräin, Seniorsbereich an Jugend. 

Comments are closed.