Miersch-Lëntgen 2 – 3

En verdéngt gewonnen Mätsch well ons Ekipp einfach méi 100 % Geleeënheeten hat. Miersch hat allerdéngs déi éischt an de Maxim am Goal huet gekläert. Duerno haten mir virun der Halschent awer 2 bis 3 Chancen vir méi ewéi den 1-0 (Patrick Da Mota) ze maachen.

Zweet Halschent ass net esou gutt ugaange an mir hunn den 1-1 kritt. Duerno waren op onser Säit awer erëm 4 bis 5 der 100 % awer et huet bis zur 60 Minutt gedauert bis den Anton den 2-1 gemaach huet. Problem ausloossen vun Chancen duerno. Den Anton mécht awer glécklecherweis den 3-1 an de Mätsch war gelaf haten mer gemengt. Den Arbitter huet awer fir den 3-2 gesuergt. Penalty, den Maxim kläert de Ball kloer mat der Hand, virum Stiermer den natierlech duerno driwwer fält, ewéi gesot 3-2. Awer verdéngt den Derby zu Miersch gewonnen, well mir déi méi kloer Chancen haten. Och hu mir nach an der 90 Minutt eng giel, rout Kaart kritt déi absolut iwwerdriwwen war.

Comments are closed.